Evenementer

7. Abrëll 2024

Fréijorsrencontre 2024​

Mir hun eis zu Zürich am Kongresshaus getraff. Um Programm stoungen:
– Generalversammlung
– Aperitif
– D’Makadammen verwinnen eis mat Sketcher aus hirem «Best of» vun 20 Joer
– Gemittlecht Mëttegiessen

Klickt hei fir e puer Fotoen
Klickt hei fir d’Invitatioun

24. SEPTEMBER 2023

Hierschtrencontre 2023

Visitt vum Musée Jean Tinguely a Mëttegiessen​

– Visite guidée am Musée Jean Tinguely
– Apéritif direkt beim Rhäin
– Spadséierwee laanscht de Rhäin
– Mëttegiessen am Restaurant «Brauerei»

Klickt hei fir e puer Fotoen

© Basel Tourismus

2. ABRËLL 2023

Fréijorsrencontre 2023

Mir hun eis zu Bern am Äusseren Stand getraff.

Um Programm stoungen:
– Generalversammlung
– Apéritif
– Gemittlecht Mëttegiessen
– Mir loossen eis musikalesch vun «Les 5 Gourmets» verwinnen!

Klickt hei fir d’Invitatioun
Klickt hei fir Fotoen

Bern mit Alpen – © Bruno Baumann
© Bern mit Alpen – Bruno Baumann

18. September 2022

Hierschtrencontre 2022

Mir hun eis um Gurten zu Bern getraff.

De Programm wor:
– Treffpunkt: 12.00 Auer bei der Biergstatioun vun der Gurtenbinnchen Kuckt nom Lëtzebuerger Fändel
– Apéritif a Mëttegiessen am Restaurant Gurtenpark
– Ee schéine Spazéierwee um Gurten läit op jiddwer Fall dran

Klickt hei fir d‘Invitatioun
Klickt hei fir Fotoen

10. abrëll 2022

Fréijorsrencontre 2022​

Mir hun eis den am Zentrum vun Zürich getraff. Um Programm stoungen: Generalversammlung, Apéritif, Tréine laache mat dem Cabaret Tri2pattes an e gemittlecht Mëttegiessen.

Klickt hei fir de Programm
Klickt hei fir Fotoen

17. oktober 2021

Mir hun eise «Club-Jubiläum 16 Joer» mat musikalëscher Begleedung vum André Mergenthaler zu Brunnen am Kanton Schwyz gefeiert.

Klickt hei fir de Programm

Corona 2020 - 2021

Ofsoen Fréijor / Hierscht 2020 a Fréijor 2021

Wéint der Corona Pandemie hu mer mat schwéierem Härz hu mer missen des Eventer ofsoen.

22. September 2019

Lëtzebuerger Grill- an Zeltfest an der Microbrauerei 3bier zu Gansingen.

Klickt hei fir e puer Impressiounen
Klickt hei fir de Programm

7. Abrëll 2019

– Generalversammlung Apéritif
– Grousse Pläséier: „Toile Si-Re” présentéiert Iech: De Wëllefchen an de Fiisschen vum Dicks
– Gemittlecht Mëttegiessen

Klickt hei fir e puer Impressiounen
Klickt hei fir de Programm

18. September 2018

Mir hun ee flotten Tour um Schëff „La Suisse“ aus der „Belle Époque“ um schéine Lac Léman ze genoss.